03.04.1985 - Wiltz
D'Susy ass den 03.04.1985 zu Wolz op Welt komm an ass och do an d’ Schoule gang.
Déi lescht zwee Lycéesjoer huet hatt zu Dikrech verbruecht wou hatt op enger Konschtsektioun war. Hatt ass beruflëch als Chargée de cours am Fondamental täteg.
Zanter sengem 9. Liewensjoer moolt hatt gär an denkt sech Geschichten op laangen Autosreesen aus an ënnerhällt déi ganz Famill domat.
2012 huet hatt dunn seng éischt Kannergeschicht geschriwwen an illustréiert ! De klenge Stär Poli heescht dem Susy sengt éischt Kannerbuch, eng Geschicht déi hat fir sengt klengt Meedchen deemols erfonnt huet. Nët laang dono ass dunn e witzegt Niklosbuch vun him erauskomm, de "Léiwe Kleeschen Gudden Hieschen", eng Geschicht mat vill Humor fir Grouss a Kleng.
Hatt huet och déi bekannt Fabel vum "Wëllefchen an dem Fiisschen" nei illustréiert, wéi och d’ Geschicht "De Ricky ass verléif" vum Jasmine Braun an ganz rezent "De Wibbeldiwapp" vum Rudi Schubert.
D’Susy kritt dack Luef fir seng Illustratioune gemaach an déi hatt och ganz vill Härzblutt stëcht. Hatt moolt a schreift fir de Plaiséier a kann op dësem Wee seng Passioun zur Molerei an dem Geschichtenerzielen mat aneren deelen.
Weider Geschichten vun him:
-
De Käizche Kai
-
Den Ouschterstress mam Kleeschen
-
Dem Kleeschen säiin Ieselche spiert d Reesféiwer