De klenge Stär Poli wëll eppes Neies erliewen an décidéiert e richtege Bouf ze ginn. Wat hien alles ënnerwee erlieft, kriss du an dësem Buch erzielt.
Kannerbuch
Ouschterstress
mam Kleeschen
Et ass kuerz virun Ouschteren. Den OUschterhues packt d'Aarbecht net a fret de Kleeschen, fir him ze hëllefen. Well deen dat net geléiert huet, mëcht hien natierlech eng Rei Dommheeten.
Kannerbuch
De Wibbeldiwapp
De klengen Hues an der Hueseschoul
ass vill ze wibbeleg, stéiert ëmmer a mëcht net wat den Här Leerer ëm seet. Hie leeft fort a kënnt zoufälleg an d'Draacheschoul wou hie léiert sech staarfillen a mat engem Laachen duerch d'Liewen ze goen.
Falls d'Bicher iech gefällen, kënnt dir se gären direkt
Original lëtzebuerger Geschicht vum Dicks a gemoolt vum Susy Schmit.
Kannerbuch
Léiwe Kleeschen, gudden Hieschen
Den Houseker gëtt krank a muss ersat ginn. De Kleeschen rifft a senger Nout dem Ouschterhues un. Wat hien alles erlieft mat deem geckegen Hues, kriss du an dësem spannende Buch erzielt.
Kannerbuch
Dem Kleesche säin Ieselche spiert d'Reesféiwer
Et ass kuerz virun Nikosdag. Den Ieselchen ass scho ganz benzeg an ongedëlleg. Wéini geet et lass ? Et sinn nach vill Saachen ze maachen. Ob dat riicht ausgeet ?
Kannerbuch
De Käizche Kai op der Sich no sengem Schied
De klenge Käizche Kai ass erféiert. Säi Schied ass verschwonn. Wat hien alles op der Sich no séngem Schied erlieft, kriss du an dësem spannende Buch erzielt.