07.01.1975 - Ettelbruck
D'Arlette ass de 07. Januar zu Ettelbréck op d'Welt komm. Hatt ass zu Mäerzeg an d'Primärschoul gaang, wou hatt och bis 1996 gewunnt huet. Seng Lycéeszäit huet hatt am LCD zu Dikkrech verbruecht an duerno seng Studien zu Walfer am ISERP virugefouert. Nodeems hatt säin Diplôme an der Täsch hat, war hatt 2 Joer zu Bissen als Léierin a vun 2000 un schafft hatt am Schoulkauz zu Wëlwerwolz.
Dem Arlette seng Hobbie si vu Kand un d'Liesen an d'Musek an dat huet sech bis haut net geännert. Sou ass d'Arlette och haut nach an 2 Museksveräiner aktiv, wou hatt Saxophon alto spillt.
Obwuel seng Passioun vum Liesen während dem Studium e bëssen ofgeflaacht war, ass se ewer ni ganz verschwonn. Mëttlerweil liest hatt rëm gär a vill, haaptsächlech Krimien a Thrilleren. D'Léift zu de Kannerbicher ass souwuel duerch de Beruff wéi och duerch seng eege Kanner entstan, deenen hatt immens gär Bicher virgelies huet. Och fir d'Schoul war hatt ëmmer op der Sich no passende Geschichten, déi hatt a säin Unterrecht konnt abannen.
2020 hott hatt no enger Geschicht gesicht, passend zum Thema "Apel". No laanger Sich huet hatt kuerzerhand decidéiert, selwer eng Geschicht fir d'Kanner aus senger Klass am Cycle 2 ze schreiwen. An senger eegener Geschicht konnt hatt all Themen, déi him wichteg waren, mat abannen: den Apel, den Hierscht, d'Zänn wäschen an d'Hëllefsbereetschaft. D'Geschicht sollt fir d'Kanner flott a léierräich sinn. Si koum immens gutt bei de Kanner un an d'Nofro no passende Biller war grouss. 2022 huet hatt decidéiert, d'Geschicht nach e bëssen auszebauen an illustréieren ze loossen. Mat Hëllef vun de Biller vum Sophie Scharfe, deemools Schülerin vun der Konschtsektioun am LCD, ass sou d'Kannerbuch "d'Sophie an den Äppelkinnek" entstan, op dat hatt immens houfreg ass.